La plateforme d’échange étatique dédiée à vos idées !
Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
Ech stoussen op den Internetsäite vum Staat op vill PDF-Dateien, déi awer net ëmmer déi gewënschte Qualitéit hunn. Problematesch fannen ech et z.B., wann den Inhalt vun enger PDF-Datei keen Text, mä nëmmen eng Grafik ass, sou datt een net no Wierder siche kann, oder wann et keng logesch Textstruktur (tags) a keng Navigatiounsméiglechkeeten mat Links gëtt, sou datt een net déi eenzel Kapitelen oder Iwwerschrëften usprange kann, wat awer bei groussen Dokumenter wichteg ass fir eppes erëmzefannen. Ech denken, datt hei Handlungsbedarf besteet. Et soll bei der Erstellung vu PDF-Dateien och un d'Barrièrefräiheet geduecht ginn, d.h. bei Vergréisserung soll den Text richteg ëmfléissen, d'Zeechesäz sollen méiglechst onproblematesch sinn, d'Kontraster solle gutt sinn an den Dokumenteschutz soll engem Screenreader net den Zougrëff spären.
Bonjour!
Villmools Merci fir Äre Bäitrag!
Mir ginn Är Remarque un déi Responsabel vum CTIE viru fir dass dës Problemer kënne behuewe ginn.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu http://www.vosidees.lu
un anonyme a voté
L'équipe de Vos Idées a statué
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
Josiane a partagé

L'équipe de Vos Idées
Bonjour!
Villmools Merci fir Äre Bäitrag!
Mir ginn Är Remarque un déi Responsabel vum CTIE viru fir dass dës Problemer kënne behuewe ginn.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu http://www.vosidees.lu