La plateforme d’échange étatique dédiée à vos idées !
Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
Et wier eng administrativ Vereinfachung wann eis Regierung sëch géing fir en eenheetlëchen Code de la Route an der EU asetzen. Och wann daat am Moment nach ënnert d' nationalt Recht fällt.
Bei den Vitesslimitatiounen sin 130 km/h op Autobunnen, 90 op Landstroossen ausserhalb den Uertschaften, 50 op den Haaptachsen bannend Uertschaften an 30 an den Wunnzonen an bal allen Länner etabléiert. Holland huet 2012 op 130 gehéicht, Spuenien schwätzt och dovun.
Rettungsgaass op der Autobunn: Hei muss d' Mëtt frai sin, am Frankraich z.B. de Contraire (Pannespuer). Firwaat?
An esou weider: Belge: Feierlöscher obligatorësch dobai, hei nët. Daitschland: obligatorësch Apdikt dobai, hei nët. Firwaat?
Et wier och am Sënn vun der Verkéierssëcherheet wann do harmoniséiert géif gin. Nët ze schwätzen daat manner Protokoller missten geschriwen gin wann een mat deem Regelchaos eppes vergësst: Stëchwuert: Simplification administrative.
Bonjour!
Merci fir Äre Bäitrag!
Fir d’Verkéierssécherheet am internationale Stroosseverkéier ze erhéijen goufe schonn den 19. September 1949 resp. den 8. November 1968 d’Konventioune vu Genève a vu Wien ënnerschriwwen. An dëse Konventiounen, déi och vu Lëtzebuerg ënnerschriwwe goufen, gi generell, harmoniséiert Regele fir de Stroosseverkéier festgehalen.
Den 1. Mee 1971 goufen doriwwer eraus europäesch Accorden ënnerschriwwen déi virun allem d’Zil haten déi wichtegst Stroosseschëlder op europäeschem Niveau ze uniformiséieren.
Et kann een also opgrond vun dësen Entwécklunge soen, dass et elo schonn eng staark Harmoniséierung vun der Gesetzgebung am Beräich vum Stroosseverkéier op europäeschem Niveau gëtt.
Wat déi technesch Ufuerderunge betrëfft, déi déi verschidde Kategorië vu Gefierer mussen erfëllen, sou sinn dës duerch eng Rëtsch europäesch Direktive geregelt. Dës Direktive gëllen an der ganzer Europäescher Unioun.
Dat nämmlecht gëlt och fir d’Führerschäiner (z.B. d’Kategorien) well dës Dispositiounen sech quasi exklusiv op europäesch Direktive bezéien.
Et stellt een also ënnert dem Stréch fest dass et sécherlech nach Beräicher gëtt wou eng Harmoniséierung op EU-Niveau wënschenswäert wier an d’Regierung wäert, ëmmer am Bestriewe fir de fräie Persouneverkéier an d’Sécherheet um europäesche Stroossereseau ze garantéieren, all Initiativen ënnerstëtzten déi an d’Richtung vun enger Harmoniséierung vun de Verkéiersregelen a Verkéierschëlder ginn.
Mat beschte Gréiss,
D’Equipe vu http://www.vosidees.lu
Aucune idée liée
un anonyme a voté
un anonyme a voté
L'équipe de Vos Idées a statué
un anonyme a voté
un anonyme a voté
L'équipe de Vos Idées a statué
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
Pierre a partagé

L'équipe de Vos Idées