La plateforme d’échange étatique dédiée à vos idées !
Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
D'Regierung fënd ët gutt (ass ët och), wann eng Persoun als Altersrentner nach aktiv als Lounempfänger tätig ass. Doduerch kann hien séng laangjähreg Erfahrung nach eng Zäitchen weiderginn.
Laut Art 240 vum Code vun der Sécurité sociale hält de Patron, wéi an der aktiver Zäit, all Cotisatiounen of.
Um Enn vum Joër kann de Salarié (wann hien dovunner Kenntnis huet) een Antrag stellen fir d'Cotisatiounen zréckzekréien. Laut Art 178, al 2 vun deemselweschte Code kritt hien dann 4 Méint drop séng Part erëm. (Well jo kee Recalcul vun der Pensioun gemaach gëtt, bleiwt dem Patron séng Part fir ëmmer verschwonn. Ass dat gerecht,datt d'Pensiounskeess Beitreeg aseckelt, wou si keng Konterpartie bitt?)
Wann de Salarié séng Part erëmkritt, muss hien se jo besteieren, well hien huet se jo dat Joër virdrunn ofgesat.
Dat Ganzt ass ee Va-et-vient sonnergläichen an zitt eng Onmass zousätzlech Aarbecht fir d'Verwaltungen mat sech.
Fir deem entgéintzewiirken, missten déi 2 Art. ofgeschaaft ginn oder op d'mannst adaptéiert ginn.
Merci
Bonjour !
Merci fir Äre Bäitrag !
Den Artikel 178, Abschnitt 2 vum Code de la sécurité sociale handelt vun deene Leit, déi eng Pensioun kréien an och no hirem 65. Liewensjoer nach eng bezuelten Aktivitéit ausüben.
Fir beim Besetze vun engem Poste eng Situatioun vun enger concurrence déloyale ze verhënneren, gesäit d’Gesetz vir dass Leit iwwer 65 Joer, déi eng Pensioun kréien, a Leit ënner 65 Joer, déi nämmlecht Sozialbäiträg musse bezuelen.
Well d’Formule fir d’Pensiounen ze rechnen et net erlaabt Periode mat anzebezéien, déi nom 65. Liewensjoer geleescht goufen, kann ee sech d’Cotisatiounen zeréckbezuele loossen.
Fir méi präzis Informatioune kënnt Dir eis ganz gäre kontaktéieren.
Mat beschte Gréiss,
D’Equipe vu http://www.vosidees.lu
L'équipe de Vos Idées a statué
un anonyme a voté
un anonyme a voté
L'équipe de Vos Idées a statué
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
John a partagé

L'équipe de Vos Idées